06/08/2026
🍷 Den Héichpunkt vun eisem zweeten Dag? Ganz kloer: de Besuch beim Weingut Franz Keller.
No engem gemittleche Mëttegiessen um Schlossberg si mir op Oberbergen gefuer. Do huet eis eng Wäinprouf erwaart, déi keng Wënsch opgelooss huet.
Vum elegante Blanc de Blancs iwwer ausdrocksstaark Wäissburgunder a Chardonnay bis bei de Spätburgunder Schlossberg hu mir eis duerch d’Philosophie vum Weingut geschmaacht. Dobäi gouf et net nëmmen exzellent Wäiner, mee och vill spannend Erklärungen iwwer d’Lagen, d’Aarbecht am Wéngert an d’Iddi hannert all Fläsch.
Genee esou stelle mir eis eng Confrérie-Rees vir: nei Regiounen entdecken, vu passionéierte Wënzer léieren an zesummen flott Momenter erliewen.
E grousse Merci un d’Team vum Weingut Franz Keller fir de häerzlechen Empfang an dës onvergiesslech Degustatioun! 🥂🍇