Maison Viticole Roeder

Maison Viticole Roeder D'Maison Viticole gouf am Joer 2009 gegrënnt. D'Wéngerten befannen sech zu Rouspert an der "Hoelt". Fir en Idealist en Dram, fir e Realist en Alpdram.

D'Riewen déi an aalen Dreschenmaueren stin, sin deels iwwer honnertzwanzeg Joer aal, an domat déi elsten aus dem lëtzebuerger Land. D'Maison Viticole Roeder as e klengen Bio-Wäibaubetrieb mat den Wéngerten zu Rouspert an der Hoelt. Den exklusiven Wéngertsbierg an Dreschemaueren, an a sonneger sudexponéierter Steillach, befënnt sech an engem Naturschutzgebitt an der Sauerschleef vun Rouspert. Ugebauten Zorten sin e wuerzelechten Elbling vun mëttlerweil iwwer 100 Joer. Mee och seng Cousinen Pinot Blanc, Pinot Gris, Pinot Noir an den noblen Riesling sin am Wéngertsgaart vertrueden. All Flesch Wain dréiht zum Erhalt vun der Kultur- an Naturlandschaft bei. Den Aarbechtsopwand an den Terrassen as bei wäitem vill méi opwenneg wéi an remembréierten Terrainen, déi mat Maschinnen bewirtschaft gin. Aus Naturschutzgrënn bleift eng natierlech Boudemvegetatioun an de Reihen bestoen. Des Aartenvielfalt vun Blummen dréit ënneranerem zum Schutz vun de Beien bei.

13/08/2026
13/08/2026

Gëschter hu mir eise Pinot Noir ,,la barrique" agefëllt.

Mir ware frou dierften bei dësem Event dabäi ze sinn.Merci,
30/06/2026

Mir ware frou dierften bei dësem Event dabäi ze sinn.
Merci,

Just zeréck vun Knokke, a schon feieren mir dat 2. Kanecher Bio-Wäifest.
28/06/2026

Just zeréck vun Knokke, a schon feieren mir dat 2. Kanecher Bio-Wäifest.

Op Invitatioun vun der Ambassade vu Bréissel, ware mir mat eise Wäiner op Knokke an Villa Paquebot.
28/06/2026

Op Invitatioun vun der Ambassade vu Bréissel, ware mir mat eise Wäiner op Knokke an Villa Paquebot.

Mir soen jidderengem Merci deen e Sonnden de Wee op eis Porte Ouverte fonnt huet!
26/06/2026

Mir soen jidderengem Merci deen e Sonnden de Wee op eis Porte Ouverte fonnt huet!

Op Chardonnay, Pinot Noir, Elbling oder Pinot Gris, Drauwen sinn all an der Bléi. Sou fréih wéi nach nie!
01/06/2026

Op Chardonnay, Pinot Noir, Elbling oder Pinot Gris, Drauwen sinn all an der Bléi. Sou fréih wéi nach nie!

31/05/2026
11/05/2026

🇱🇺 E Samschden, den 9. Mee 2026 huet zu Rouspert bei der Gemeng d'Rousperter Wäifest stattfonnt.

Am Kader vum Europadag stoung nieft guddem Wäin a flotter Ambiance virun allem de grenziwwerschreidenden Zesummenhalt am Mëttelpunkt. 🇱🇺🇩🇪

Merci un all Wënzer, Veräiner a Visiteuren, déi dësen Dag méiglech gemaach hunn. 🤝🇪🇺

🇩🇪 Am Samstag, den 9. Mai 2026, fand in Rosport bei der Gemeinde das „Rousperter Wäifest“ statt.

Im Rahmen des Europatages standen neben gutem Wein und einer schönen Atmosphäre vor allem der grenzüberschreitende Zusammenhalt im Mittelpunkt. 🇱🇺🇩🇪

Ein herzliches Dankeschön an alle Winzer, Vereine und Besucher, die diesen Tag möglich gemacht haben. 🤝🇪🇺

🇫🇷 Le samedi 9 mai 2026, le « Rousperter Wäifest » a eu lieu à Rosport.

Dans le cadre de la Journée de l’Europe, l’accent a été mis non seulement sur le bon vin et l’ambiance conviviale, mais surtout sur la solidarité transfrontalière. 🇱🇺🇩🇪

Un grand merci à tous les viticulteurs, associations et visiteurs qui ont contribué à la réussite de cette journée. 🤝🇪🇺

Adresse

19B, Rue De La Montagne
Steinheim
L-6586

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Maison Viticole Roeder publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager