Ferme pédagogique Um Kémel

Ferme pédagogique Um Kémel Informations de contact, plan et itinéraire, formulaire de contact, heures d'ouverture, services, évaluations, photos, vidéos et annonces de Ferme pédagogique Um Kémel, Ferme, 100 Kémel, Consthum.

Zertifizéierten,Pädagogeschen Bauerenhaff zu Konstem bei Housen🐂
🗓Aktivitéiten fir Créchen, Schoulklassen, Maison relais, Senioren, Léit mat Beanträchtegungen, Kannergebuertsdeeg an Familiennometteger
👩🏻‍🌾 Léiny 25
Kontakt: [email protected]

🌿🐄 E flotte Samschdeg um Haff! 🐄🌿E Samschdeg hunn d’Kanner eis um Haff gutt gehollef, sech ëm eis Déieren ze këmmeren. 🐄...
09/09/2026

🌿🐄 E flotte Samschdeg um Haff! 🐄🌿

E Samschdeg hunn d’Kanner eis um Haff gutt gehollef, sech ëm eis Déieren ze këmmeren. 🐄🐔🐐 Mat vill Begeeschterung an Energie hu si mat ugepaakt a vill flott Aufgaben iwwerholl.

No der Aarbecht, enger klenger Spillzäit an enger kuerzer Paus hu mir zesummen eis Mirabellen verschafft an e leckert Mirabellegebeess gekacht. 🍑💛

Zum Schluss krut all Kand e Glas vun eisem selwergemaachte Gebeess mat heem. 🫙✨

E grousse Merci un d’Kanner fir hir Hëllef, hiren Asaz an dee schéinen Dag um Haff! 🌾💚

Ausfluch bei eis op den Haff – dësen Donneschdeg 🌱🐮✨Moies hunn d’Kanner sech op de Wee gemaach, fir bei eis op den Haff ...
05/09/2026

Ausfluch bei eis op den Haff – dësen Donneschdeg 🌱🐮✨

Moies hunn d’Kanner sech op de Wee gemaach, fir bei eis op den Haff ze kommen.

Zesumme si mir bei eis Déiere gaangen an hu si mat vill Léift an Opmierksamkeet verwinnt.🐄🐔🐐🦆

D’Kéi am Stall kruten eng gutt Mëschung preparéiert a verdeelt.
E besonnesche Highlight fir d’Kanner war d’Gebuert vun engem klenge Källefchen, déi mir live konnten erliewen. 🥰🐮

Mëttes, nom Iessen, si mir an de Bësch gefuer. Do konnten d’Kanner d’Natur entdecken, d’Ëmwelt beobachten an Holz fir eist Feier sammelen. 🌳🍂

Als Ofschloss hu mir zesummen um Feier Marshmallows giess. 🔥🤎

Et war e flotten Dag voller Déieren, Natur an onvergiessleche Momenter! 🌿🐄✨

🐮💚 Dësen Méinden hate mir fläisseg Hëllef vun léiwe Kanner bei eis um Haff! 🌾Mat vill Begeeschterung a Freed hu si bei d...
02/09/2026

🐮💚 Dësen Méinden hate mir fläisseg Hëllef vun léiwe Kanner bei eis um Haff! 🌾

Mat vill Begeeschterung a Freed hu si bei den alldeeglechen Aarbechten gehollef, d’Déiere gefiddert, mat ugepak an dobäi vill Neies entdeckt. 🐔🐷🐐🐄

Och dëst Joer si mir nees dobäi! 🥳🐮Kommt eis den 18. September vun 17:00 bis 1:00 Auer op eisem Stand Nummer 100 besiche...
29/08/2026

Och dëst Joer si mir nees dobäi! 🥳🐮

Kommt eis den 18. September vun 17:00 bis 1:00 Auer op eisem Stand Nummer 100 besichen. 🐮

Och dëst Joer bidde mir Rohesser a Saucisse vun eisen Limousin-Beischten vun eisem Haff un.

Dir hutt d’Geleeënheet, Iech en Abléck an eisen pädagogesche Bauerenhaff ze verschafen, a mir kënnen zesummen e puer flott Gespréicher féieren. 🌾🐄

Mir freeën eis op Iech!
Bis geschwënn! 🥰

🌱 Eng Plaz fir jiddereen 🐄🐐🐔Op eisem Pädagogesche Bauerenhaff „Um Kémel“ ass jiddereen Wëllkomm! ❤️
11/08/2026

🌱 Eng Plaz fir jiddereen 🐄🐐🐔

Op eisem Pädagogesche Bauerenhaff „Um Kémel“ ass jiddereen Wëllkomm! ❤️

🌿 Naturparkfest 2026 🌿Och dëst Joer ware mir ganz frou, um Naturparkfest 2026 dobäi ze sinn.Mir haten d’Freed, vill virw...
05/08/2026

🌿 Naturparkfest 2026 🌿

Och dëst Joer ware mir ganz frou, um Naturparkfest 2026 dobäi ze sinn.

Mir haten d’Freed, vill virwëtzeg Kanner bei eisem Atelier ze begréissen. Zesumme hu mir Bomme aus Som hiergestallt, déi spéider hëllefen, eis Natur e bësse méi faarweg ze maachen.

D’Kanner haten iwwerhaapt keng Schei, sech knaschteg ze maachen. Mat vill Begeeschterung hu si d’Mëschung gekniet an hir eege kleng Som-Bomme geformt.

Elo heescht et just nach, d’Bomme auszegeheien an ze waarden, bis déi schéi Blumme wuessen an Insekten eng nei Nahrungsquell fannen. 🌼🐝

E grousse Merci un all déi, déi bei eis laanschtkomm sinn an dëse flotte Moment mat eis gedeelt hunn. Mir freeën eis schonn op d’nächst Kéier! 💚

Happy Birthday Nicolas🚜🥳 E Samsten huet de Nicolas mat sengen Frënn a Kollegen säin Gebuertsdach bei eis um Haff geféie...
28/07/2026

Happy Birthday Nicolas🚜🥳

E Samsten huet de Nicolas mat sengen Frënn a Kollegen säin Gebuertsdach bei eis um Haff geféiert.

Mir waren bei d‘Kéi an d’Hinger an de Stall an op Wiss bei d‘Geessen an bei d‘Inten a hu gutt no hinnen gekuckt. 🐂🐓🐐🦆

Nodeems si sou flässeg waren hate si sech eng Paus mat engem gudde Stëck Gebuertsdachskuch verdéngt. 🎂

Happy Birthday Nik 🥳🎂Desen Dënnsten hate mir een Gebuertsdag bei eis um Haff, den Nik huet zesummen mat sengen Frenn sen...
25/07/2026

Happy Birthday Nik 🥳🎂

Desen Dënnsten hate mir een Gebuertsdag bei eis um Haff, den Nik huet zesummen mat sengen Frenn seng 7 Joer geféiert. 🐮🚜

Zesummen hu mir gudd geschafft an haten ee flotten Nomëtten. 🤗

Adresse

100 Kémel
Consthum
L-9831

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Ferme pédagogique Um Kémel publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à Ferme pédagogique Um Kémel:

Raccourcis

Partager

Type