Ettelbrécker Jugendhaus

Ettelbrécker Jugendhaus Moien 👋

Bei eis am Jugendhaus ass all Jonken (11-26 Joer) wëllkomm! All Freiden fënnt eise Kachatelier statt, fir deens du dech umelle kanns.

Komm eng Ronn Billard, Kicker, Darts, Pingpong oder Gesellschaftsspiller mat eis spillen 😃👍 eng PS5 an eng Switch hu mir och 😎
Gëff gratis Member a maach bei coolen Aktivitéiten mat! Bei eis am Jugendhaus kanns du dech mat ënnerschiddlechen Saachen beschäftegen, ob dat PS5 ass, Kicker, Billiard, Darts, Pingpong, Switch oder Gesellschaftsspiller. D'Éducateuren hunn en oppent Ouer fir dech, wanns du schwätzen wëlls an si kënnen dech beroden an ënnerstëtzen wanns du dat wëlls. Komm mat enger leckerer Iddi oder bréng e Rezept mat, dats du schon ëmmer wolls ausprobéieren fir ze kachen oder verrod eis einfach wat däin Liblingsiessen ass :) Da gi mir zesummen alles akafe wat mir brauchen an zauberen uschléissend esou e gudde Menu, dass eis d'Waasser am Mond zësumme leeft! Falls Zäit an Honger iwwereg ass, kann een och en Dessert préparéieren :D Wann dat dir eppes seet, dann zéck net a komm bei eis kachen, zesummen iessen an dobäi schnëssen. Et gëtt och ëmmer eppes ze laachen! All Donneschden bidde mir eisen Calisthenics Workout un. Dat Ganzt fënnt op der Terrass vum Ettelbrécker Jugendhaus statt an do trainéieren mir zesummen um Calisthenics Gerëscht. Ob Ufänger oder Fortgeschrattenen, all Jonken ass wëllkomm a mir passen eis dengem Trainingsniveau un. Beim Calisthenics geet et dorëm sech méi intensiv mam eegene Kierper auserneen ze setzen. Du léiers hei Kierperbeherrschung, einfach an och méi komplex Bewegungsofleef déi deng Flexibilitéit a Beweeglechkeet fërderen. Zousätzlech gewënns du duerch den Training Kraaft a kriss och méi Muskelen. Eis Memberskaart ass gratis an erméiglecht et dir eist Material oder e Sall auszeléinen an ze benotzen. Wanns du eng Memberskaart hues, kanns du och un eisen Aktivitéiten deelzehuelen. Wat sinn dat fir Aktivitéiten? Mir ginn zesummen an de Kino oder an d'Schwämm, op d'Kiermes oder op d'Schueberfouer, op e Wantermaart oder e Summerfest, Kart fueren oder an en Escape Room a villes villes méi :)

Gëff och du Member vum Jugendhaus an erlief mat eis onvergiesslech Momenter :D
Bis geschwënn! Chez nous dans la maison des jeunes, tu peux t'occuper avec plein de choses, que ce soit avec la PS5, le baby-foot, le billard, les fléchettes, le ping-pong, la switch ou les jeux de société. Les éducateurs sont à ton écoute si tu as besoin de parler et t'offrent leur soutien et leur aide si tu le souhaites. Tous les vendredis, nous organisons un atelier de cuisine pour lequel tu peux t'inscrire. Si tu as une idée délicieuse ou une recette que tu veux essayer, viens chez nous et défoule toi :D ou dis nous simplement quel est ton plat préféré. Nous allons acheter tous les ingrédients nécessaires et puis nous préparons ensemble un menu avec ou sans dessert. Si ça t'intéresse, viens cuisiner dans la maison des jeunes pour ensuite manger, discuter et rire ensemble :)

Tous les jeudis nous proposons un entraînement de callisthénie sur la terrasse de la maison des jeunes à Ettelbruck. Nous nous entrainons ensemble et il n'est pas important si tu es débutant ou plus avancé. Nous nous adaptons à tout niveau d'entraînement. La callisthénie améliore la coordination, l'équilibre et l'endurance musculaire, tout en étant plus douce pour les articulations. Les mouvements nécessitent également une tension complète du corps. Notre carte de membre est gratuite et te permet de prêter et d'utiliser notre matériel ou une salle. Si tu possèdes une carte de membre tu peux également participer à de nombreuses activités que nous offrons. Il s'agit d'aller ensemble au cinéma ou à la piscine, à la Kermesse ou à la Schueberfouer, sur un marché d'hiver ou une fête d'été, de faire du karting ou se rendre à un escape room et beaucoup beaucoup plus encore :)

Deviens toi aussi membre de la maison des jeunes et vis avec nous des moments inoubliables :D À bientôt! Here in the youth center you can occupy yourself with a variety of things, whether it's PS5, foosball, billiards, darts, PingPong, Switch or board games. The educators have an open ear for you if you need to talk and offer you support and help if you want them to. Every friday we have our cooking workshop for which you can sign up. If you have a delicious idea or an interesting recipe you always wanted to try out, come to the youth center and go wild :D or simply tell us your favorite meal. Together we go to the grocery store to buy everything we need to prepare a tasty menu with or without dessert. If this suits you, don't hesitate and come to our place to cook, to chat and laugh together :)

Every Thursday we offer a calisthenics workout on our terrace of the youth center in Ettelbruck. It doesn't matter if you're a beginner or a pro, we adapt to your training level. Calisthenics are exercises that rely on an individual's body weight for resistance. They allow you to develop your strength, endurance, flexibility and coordination. Our membership card is free and allows you to borrow and use our items. It also allows you to participate in a variety of activities, such as going together to the movies or to a swimming pool, to the fair or to a festival, to a winter market or summer event, to an action center (Karting, Bowling, VR, Escape Room) and much much more! Become a member of the youth center and experience unforgettable moments with us :D
See you soon!

Gestalt däi Raum mat!Du hues Loscht, kreativ ze ginn an eppes ze hannerloossen, wat wierklech zielt? Zesumme mat enger K...
14/09/2026

Gestalt däi Raum mat!
Du hues Loscht, kreativ ze ginn an eppes ze hannerloossen, wat wierklech zielt? Zesumme mat enger Kënschtlerin (rafabermond.illustra) verwandele mir e Raum am Ettelbrécker Jugendhaus an en eenzegaartege Mural-Art-Projet – mat Faarwen, Iddien, Danz oder Sport-Elementer, Musteren an allem, wat iech gefält.
Deng Meenung an deng Kreativitéit si gefrot: Du brauchs keng Erfarung, just Loscht, matzemaachen. Zesummen entwéckele mir en Design a bréngen en dono mat der Kënschtlerin selwer op d’Mauer. Esou entsteet e Raum, un deem dir matgeschafft hutt – vu Jonke fir Jonker.

Maach mat a hannerlooss deng Spueren am Jugendhaus! 🎨

📅 1. Treffen: 21.09.2026

📍Jugendhaus Ettelbréck, Lëtzebuerg
💸 Präis: GRATIS

📧 [email protected]
📞 81 86 86 / 661 818 686

Mir freeën eis op dech😀

Gestalt däi Raum mat!Du hues Loscht, kreativ ze ginn an eppes ze hannerloossen, wat wierklech zielt? Zesumme mat enger K...
14/09/2026

Gestalt däi Raum mat!
Du hues Loscht, kreativ ze ginn an eppes ze hannerloossen, wat wierklech zielt? Zesumme mat enger Kënschtlerin (rafabermond.illustra) verwandele mir e Raum am Ettelbrécker Jugendhaus an en eenzegaartege Mural-Art-Projet – mat Faarwen, Iddien, Danz oder Sport-Elementer, Musteren an allem, wat iech gefält.
Deng Meenung an deng Kreativitéit si gefrot: Du brauchs keng Erfarung, just Loscht, matzemaachen. Zesummen entwéckele mir en Design a bréngen en dono mat der Kënschtlerin selwer op d’Mauer. Esou entsteet e Raum, un deem dir matgeschafft hutt – vu Jonke fir Jonker.

Maach mat a hannerlooss deng Spueren am Jugendhaus! 🎨

📅 1. Treffen: 21.09.2026

📍Jugendhaus Ettelbréck, Lëtzebuerg
💸 Präis: GRATIS

📧 [email protected]
📞 81 86 86 / 661 818 686

Mir freeën eis op dech😀

Wëlls du méi Kraaft, Fäegkeeten entwéckelen a fit ginn? Da trainéier an eisem Grupp a géif déi bescht Versioun vun dir s...
14/09/2026

Wëlls du méi Kraaft, Fäegkeeten entwéckelen a fit ginn? Da trainéier an eisem Grupp a géif déi bescht Versioun vun dir selwer! Et geet net dorëms, wou’s de ufänks, mee wouhin’s de wëlls kommen. 🔥

Komm laanscht, gëff däi Bescht, léier nei Leit kennen a fann eraus, wat an dir stécht.

📅 Training: all Donneschdes vun 17:30-19:30 Auer

📍Jugendhaus Ettelbréck, Lëtzebuerg
💸 Präis: 20€/Mount

📧 [email protected]
📞 81 86 86 / 661 818 686

Mir freeën eis op dech😀

Wëlls du méi Kraaft, Fäegkeeten entwéckelen a fit ginn? Da trainéier an eisem Grupp a géif déi bescht Versioun vun dir s...
14/09/2026

Wëlls du méi Kraaft, Fäegkeeten entwéckelen a fit ginn? Da trainéier an eisem Grupp a géif déi bescht Versioun vun dir selwer! Et geet net dorëms, wou's de ufänks, mee wouhin's de wëlls kommen. 🔥

Komm laanscht, gëff däi Bescht, léier nei Leit kennen a fann eraus, wat an dir stécht.

📅 Training: all Donneschdes vun 17:30-19:30 Auer

📍Jugendhaus Ettelbréck, Lëtzebuerg
💸 Präis: 20€/Mount

📧 [email protected]
📞 81 86 86 / 661 818 686

Mir freeën eis op dech😀

Mir siche motivéiert Jugendlecher, déi Loscht hunn, bei engem Flashmob am Kader vum Ettelbrooklyn matzemaachen! Zesumme ...
14/09/2026

Mir siche motivéiert Jugendlecher, déi Loscht hunn, bei engem Flashmob am Kader vum Ettelbrooklyn matzemaachen! Zesumme preparéiere mir eng flott Choreografie, déi mir de 26. September an der Groussgaass am Kader vum Ettelbrooklyn zu Ettelbréck weisen.

Komm mat, hu Spaass a maach den Ettelbrooklyn onvergiesslech!

Wien huet Loscht matzemaachen? Mellt iech bei eis am Jugendhaus!!!
09/09/2026

Wien huet Loscht matzemaachen? Mellt iech bei eis am Jugendhaus!!!

👨‍🍳 KACHCONCOURS 2026 – SIDD DIR PRETT FIR D'CHALLENGE? 🔥

Dir kacht gär?
Dir sidd kreativ?
An dir hutt Loscht, zesumme mat äre Frënn ze weisen, wat dir an der Kichen drop hutt?

Da stellt är Ekipp zesummen a maacht mat bei eisem KACHCONCOURS! 🍴🏆

📅 Samschdeg, 24. Oktober 2026
⏰ 14.00 – 21.30 Auer
📍 École d'Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg – Dikrich
👥 Fir Jonker vun 11–26 Joer
👨‍🍳 Ekippe vun 2–3 Persounen

Op Iech waart en 3-Gänge-Menü mat verschiddene Challenges:

Bei engem Deel ass Präzisioun gefrot an dir kacht no Rezept – bei engem aneren Deel kënnt dir Iech kreativ austoben an är eegen Iddien op den Teller bréngen. 💡

Bewäert ginn ënner anerem Goût, Kreativitéit, Presentatioun, Timing, proppert Schaffen an Teamwork.

An dat Ganzt an de professionelle Kiche vun der EHTL! 🔥

👉 Mellt är Ekipp elo un!

🔗 Méi Infoen & Umeldung op noju.lu

Jugendhaus Bissen Dikricher Jugendhaus Ettelbrécker Jugendhaus Jugendinfopunkt Ettelbréck

08/09/2026
OPGEPASST!!!
04/09/2026

OPGEPASST!!!

🏎️ Hues du Loscht op Adrenalin a Spaass? 🏁Komm mat eis Karting fueren! 🔥 Egal ob's du Anfänger oder Profi bass– Haaptsaa...
03/09/2026

🏎️ Hues du Loscht op Adrenalin a Spaass? 🏁

Komm mat eis Karting fueren! 🔥 Egal ob's du Anfänger oder Profi bass– Haaptsaach Vollgas! 😎

Ween vun eis kritt déi 1t Plaz? 🥇

📅 Samsten, 21.11.2026
📍 Grüfflingen. Belgium
💸 Präis: 40€
📲 Umeldung bis spéitstens Freides 30.10.2026
📧 [email protected]
📞 661 818 686

ℹ️ Wat dir braucht:
- Eng Autorisatioun Parental (wann ënner 18 Joer)
(Fënns de op eiser Internetsait noju.lu ennert DECLARATIONS)
- Eng Autorisation communale
- Kopie vun 🪪 Carte d'identité + d'CNS Kaart (an Impfkaart)

Mir freeën eis op e coolen Dag mat dir!🏆

Adresse

5, Rue De L'École Agricole
Ettelbruck
9016

Heures d'ouverture

Lundi 12:00 - 19:00
Mardi 12:00 - 19:00
Mercredi 12:00 - 19:00
Jeudi 12:00 - 19:00
Vendredi 12:00 - 21:00
Samedi 13:00 - 18:00

Téléphone

+352818686

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Ettelbrécker Jugendhaus publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager