Gremmlichter Geessenhaff

Gremmlichter Geessenhaff Informations de contact, plan et itinéraire, formulaire de contact, heures d'ouverture, services, évaluations, photos, vidéos et annonces de Gremmlichter Geessenhaff, Ferme d’élevage, 19, Duerfstrooss, Grümmelscheid.

Mir verschaffen Mellich von eisen Geessen direkt
um Haff an eisen Keiserei an verkaafen dei ferdich Produkter an verschidden Geschäfter, Hoteler, Restauranten an Sandwicherien

Ass reserveiert 🙂Gesicht gett een neit Doheem fir eisen Toni weenst Inzucht.Heen hot lo 2½ Joer ass een Tauernschecke (s...
18/07/2026

Ass reserveiert 🙂

Gesicht gett een neit Doheem fir eisen Toni weenst Inzucht.

Heen hot lo 2½ Joer ass een Tauernschecke (selten Rass aus Eistreich) an mecht schein farwich Nozucht.
Den Toni ass een ganz relaxen Kärel, Kanner gin matt him spazeieren 😉.

Des Tauernschecke Meedercher sichen nach een neit Doheem 😊 Bei Interesse PN
12/07/2026

Des Tauernschecke Meedercher sichen nach een neit Doheem 😊

Bei Interesse PN

01/07/2026

🎉 Hockt ass e ganz besonneschen Dag! 🎉

Kaum ze gleewen, mee eist éischt Fillen gëtt hockt schonn 1 Joer al. 🥹❤️

Vill vun Eech honn deemools zesumme mat eis op d'Gebuert hengefiebert. Leider haaten mir d'Gebuert verpasst. 😅

Vom éischten Dag un hot hatt eis mat sengem coolen Charakter begeestert. Hatt ass engt richtigt coolt an entspaant Fillen, ëmmer frëndlich a mécht einfach bei allem mat. Fir eist éischt Fillen hätte mir eis wierklech kee bessere Charakter kënne wënschen.

An dat nächst klengt Abenteuer steet och schonn un: E Sonndeg kënnt hatt mat eis op d'Foire Agricole zu Ettelbréck. 🐴🎉 Mir freeën eis schonn drop an sen gespannt, wéi hatt sein éischte grousse Tour meestert.

Alles Guddes fir däin éischte Gebuertsdag, Missy! ❤️ Op nach vill schein gemeinsam Momenter.

🚁🦌 Hockt de Moien war et esou wäit!Schonn en Donnesdig hate mir iwwer d'Sauvons Bambi Map ugekënnegt, wéi eng Felder mir...
21/06/2026

🚁🦌 Hockt de Moien war et esou wäit!
Schonn en Donnesdig hate mir iwwer d'Sauvons Bambi Map ugekënnegt, wéi eng Felder mir e Sonndeg wollte méien.
E Fregdig hon mir nach en Uruff kritt, fir e puer Detailer ze beschwätzen, an hockt de Moien um 5:00 Auer ass et dunn lassgaangen.
Pünktlech hon mir eis mam Drohnepilot a sengem Helfer um éischte Feld getraff. Nodeems d'Drohn gestart war, hon mir direkt déi éischt Reih a Reihkitz gesinn.
Glécklecherweis waren all d'Kitz schonn esou grouss, datt sie direkt fortgelaf senn, sou datt keng Rettungsaktioun néideg war.
All dei ugemellte Felder goufen mat der Drohn ofgeflu a kontrolléiert, ei sie geméit goufen.
E grousse Merci un daat ganzt Team von Sauvons Bambi Luxembourg fir hiren Asaz esou fréi moies an hir Ënnerstëtzung! 🙏🦌

Des 2 schein Tauernschecke Beck sichen nach een neit Doheem 😉. Den 1. kret lo 2 Meint an kann direkt fort. Den anneren m...
23/05/2026

Des 2 schein Tauernschecke Beck sichen nach een neit Doheem 😉. Den 1. kret lo 2 Meint an kann direkt fort. Den anneren muss nach 1. Mount bei da Mamm bleiwen.
Kennen ob Wonsch kastreiert gin an sen sou dei perfekten "Rasenmäher" dei och nick stenken 😉

Kann gearen gedeelt gin

Update zum Stella 🐐✨Mir hunn gëster Owend de Gips ewech gemeet – an natierlech ware mir gespaant, wéi d’Been ausgesäit.E...
30/04/2026

Update zum Stella 🐐✨

Mir hunn gëster Owend de Gips ewech gemeet – an natierlech ware mir gespaant, wéi d’Been ausgesäit.

Et ass liicht verdreint, mee soss gesäit et eigentlech ganz gutt aus 🙏 D’Wonn ass kleng a propper, an insgesamt sen mir zimlech zefridden, wéi et bis elo verheelt ass.

Am Moment benotzt d'Stella d’Bee nach nick wierklech – mee dat ass no 6 Wochen Gips och nick ongewéinlech. D’Muskelen musse sich erëm drun gewennen, an et brauch einfach e bëssen Zäit.

Wat eis awer immens freet: Sie ass nach ëmmer top fit, frësst gutt an ass matt gett am Trapp gudd eenz ❤️

Elo heescht et: Gedold hon an kucken, wéi et sich an den nächste Deeg an Wochen entwéckelt.

Ufank deser Woch hon mir Lea missten anschleiferen. 💔D’Lea koum 2016 als dräi Deeg aalt Kitz mat den éischten Tauernsche...
25/04/2026

Ufank deser Woch hon mir Lea missten anschleiferen. 💔

D’Lea koum 2016 als dräi Deeg aalt Kitz mat den éischten Tauernschecken aus Éisträich bei eis op den Haff — zesumme mat hirer Schwëster Leni an hirer Mamm Lilly.
D’Lea hat hiren eegene Kapp. Heiansdo e bëssen grimmeg, ëmmer mat Charakter, mee ni aggressiv — einfach eis Lea
An denen 10 Joer bei eis hot si 5 Kitze op d’Welt broacht, ee dovon matt Kaiserschnitt.

Mir hon alles probeiert, mee um Enn hu mir eng schwéier Entscheedung missen treffen, fir hir weidert Leed ze ersporen.

Update zum Stella 🐐✨Hockt war Kontroll-Röntgen – an mir wei och den Veihdokter waren ganz gespaant, wat dobäi erauskënnt...
14/04/2026

Update zum Stella 🐐✨

Hockt war Kontroll-Röntgen – an mir wei och den Veihdokter waren ganz gespaant, wat dobäi erauskënnt.

Den Veihdokter war positiv iwwerrascht, wéi gutt dat Ganzt schonn verheelt ass 💪

Trotzdeem muss d'Stella sécherheetshalber nach 2 Wochen hire Gips behalen, fir datt alles weider stabil zesummewiisst.

Dei eischt 2 Foto'en sen vom 01.03.
Dei anner von hockt 🙂

De Moien um 4 Auer hot Gina e gesond klengt Meedchen op d’Welt broacht 🐐💛D’Gina ass mëttlerweil 13 Joer aal a begleet ei...
09/04/2026

De Moien um 4 Auer hot Gina e gesond klengt Meedchen op d’Welt broacht 🐐💛

D’Gina ass mëttlerweil 13 Joer aal a begleet eis schonn eng ganz lang Zäit – vläicht kennt dir sie jo, sie ass nämlech d’Geess op eisem Logo ✨

Sie war matt eng von den éischten Tauernschecke, déi mir virun 10 Joer an Éisträich kaf honn a mat op Lëtzebuerg broacht hon.

No dëser Laktatioun däerf sie an hir wolverdingte Pensioun goen. Natierlech bleift sie bei eis um Haff a wäert hiren Liewensowend hei a Rou verbréngen.

Adresse

19, Duerfstrooss
Grümmelscheid
9654

Téléphone

+352621621746

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Gremmlichter Geessenhaff publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à Gremmlichter Geessenhaff:

Raccourcis

Partager