06/10/2026
Mir hunn op eise Reesen an Holland schonn esou munch Bitterballen giess – meeschtens mat engem Patt an a gudder Gesellschaft 🇳🇱
Also war et eigentlech just eng Fro vun der Zäit, bis de Pit se selwer géif maachen.
An genee dat ass et, wat mir un eise Reesen sou gär hunn. Mir kommen heem mat neien Erënnerungen, neie Geschichten… an zimlech dacks och mat engem neie Rezept, dat de Pit onbedéngt an eiser Kichen nomaache wëll.
Dës Kéier: Bitterballen. Knuspereg, crémeg… an definitiv vill ze séier fort. 😅