Molkerei Thiry

Molkerei Thiry Mir sin Famill Thiry vu Schuller a mir hun ee gemesch-Betrieb mat Mellechkeih, Maschtsteieren, Poulet'en an Direktvermarktung. Firwat Fleckvei?

Mir hun eng eegen Haffmolkerei, wou mir eis Mëllech weider verarbeschten. Mir sin d Famill Thiry vu Schuller an mir hun ee Mellechveibetrieb wou mir Fleckvei sträichen. Bei eis um Haff stin Deieren un eischter Platz. Mir leeen groussen Wert op een optimalen Keikomfort an eng individuell Deierenbetreiung. Et as eng vun den robustesten Mellechkeirassen dei bekannt as fir eng heichwerteg Qualiteitsmellech. Des Mellech dei mir sträichen kennt op direktem Wee vun eisen Keistall an eis Molkerei. Teschent Kou an Geschäft eien nemmen 24 Stonnen. Et as eis Leidenschaft gudd Mellech ze produzeieren... Schmaacht des Leidenschaft

Aer Famill Thiry-Kummer Claude a Karin mat hire Bouwen Jeff a Rick

Mir inviteieren Iech ganz häerzlech zesummen mat der fairmellech op eis Porte ouverte den 20ten September vun 11.00-18.0...
10/09/2026

Mir inviteieren Iech ganz häerzlech zesummen mat der fairmellech op eis Porte ouverte den 20ten September vun 11.00-18.00 Auer 🐮
Kommt kucken wei mir an der Molkerei schaffen, all Produkter schmachen an den ganzem Haff besichen 🤗
Fier Iessen an Gedrenks ass beschten gesuergt mat der Landjugend Süden 🍻🌭🍟 Fier d Kanner gett et Animatioun mat Fro de Bauer. Mir frëen eis elo schon op Äeren Besuch 🤗

D'Glacentru ass gutt gefëllt 😋Ganz nei "Fior di Latte" eng reng Mëllechglace, dei kann een mat allem kombineieren waat e...
05/08/2026

D'Glacentru ass gutt gefëllt 😋
Ganz nei "Fior di Latte" eng reng Mëllechglace, dei kann een mat allem kombineieren waat een grad Doheem huet 🍓🍒🍋 Dann hun mir des Mëllechglace och mat Coulis vun eisen Prommen an Réngglotten preparéiert, e Genoss 🤩 Den Prommen Coulis hun mir och ennert d' Marzipan Glace gezunn an mat Mohn verfeinert 🍦 Lo ass et un Iech se ze schmaachen 😊

Mär hun ugefangen d'Uebst aus eisem Bongert an der Kéiwiss ze plecken 🤩 Mat daer viller Sonn ass et zockerséiss an einfa...
01/08/2026

Mär hun ugefangen d'Uebst aus eisem Bongert an der Kéiwiss ze plecken 🤩 Mat daer viller Sonn ass et zockerséiss an einfach nemmen een Genoss 🥰 Zeidig sin elo eis Oullins-Réngglotten an d' Hausprommen. Se gin lo gebotzt, entstengt an dann prépareiert fier d'nächst Woch weider ze verschaffen 🍦😋🍦 vum Haff

Se gin dësen Weekend op der Foire agricole fiergestallt: 8ech'er an Éclair'en 🤩 hiergestallt vun der Bäckerei Jos a Jean...
05/07/2026

Se gin dësen Weekend op der Foire agricole fiergestallt: 8ech'er an Éclair'en 🤩 hiergestallt vun der Bäckerei Jos a Jean-Marie, gemeet mat eisem frëschem Schoki 😋
Profiteiert nach haut se am groussen Zelt vun der fairmellech ze schmachen.

22/05/2026

De Summer kann kommen ☀️
Dës Woch hun mir am Stall nei Ventilator'en installeiert. Sou bleiwt et och an denen warmen Deeg agreabel fier d'Kéi wann se am Stall sin.
Sie kennen souwuel Daag wei Nuecht eraus an d' Wiss goen mee well den Kéi hier "ideal" Temperaturen teschent 5 an 15°C leien kommen sie am Summer mëttes leiwer eran wei dobaussen ze sin.
Ab 15°C fänken d'Ventilator'en un ze dréinen an waat et mei warem gëtt waat se mei séier gin 🌪️🌪️

D'Fréijoer ass definitif do an mär hun déi lëscht Woch gutt vum Wieder profiteiert ☀️D'Kéi an d'Kälewcher kennen am Daag...
14/04/2026

D'Fréijoer ass definitif do an mär hun déi lëscht Woch gutt vum Wieder profiteiert ☀️
D'Kéi an d'Kälewcher kennen am Daag eraus an dei frësch Wisen 🌱an d' Ranner sin och dobaussen an hierer Wiss wou se bis den Hiescht bleiwen kënnen 🐮
Och op den Stecker ass et lues awer secher mat der Arbecht ugang. D'Wisen sin an d'Rei gemaach gin, néi Blummenstreifen sin ausgeseint, Aakerstecker sin bearbecht gin, asw
Mee mir hun och einfach mol rondrem gekuckt an dei wonnerbar Faarwen vum Fréijoer genoss 🤩

Zwou "aal Bekannte" an eng "nei" Glace fannt Dier ab haut rem bei eis an den Tru'en 😋Doniewt hun mir och nach Kokosnoss,...
19/03/2026

Zwou "aal Bekannte" an eng "nei" Glace fannt Dier ab haut rem bei eis an den Tru'en 😋
Doniewt hun mir och nach Kokosnoss, Speculoos, Marzipan, Amarena Kiischt, Salz-Karamell an nach puer aner Goût'en bei eis am Shop 🤗
Bei daer ☀️ kritt een dach direkt Loscht op eng gutt Glace 🍦Loosst Iech se schmaachen 🙂

Adresse

19, Rue Du Stade
Schouweiler
4995

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Molkerei Thiry publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à Molkerei Thiry:

Partager