Delvaux‘s Haff

Delvaux‘s Haff Informations de contact, plan et itinéraire, formulaire de contact, heures d'ouverture, services, évaluations, photos, vidéos et annonces de Delvaux‘s Haff, Ferme, Steinfort.

🌿 Frësch kleng Heebotten ze verkafen 🌿Eis Hee kënnt vu Wissen, déi di lescht Joren weder chemesch gedüngt nach mat cheme...
18/06/2026

🌿 Frësch kleng Heebotten ze verkafen 🌿

Eis Hee kënnt vu Wissen, déi di lescht Joren weder chemesch gedüngt nach mat chemesche Produkter behandelt gouf. Eng natierlech a propper Fudderquell fir Déierenhalter, déi Wäert op Qualitéit leeën.

✅ Frësch
✅ Kleng Botten vun ongeféier 15 bis 20 kg
✅ Natierlecht Hee vun enger onbehandelter Fläch
✅ Propper oofgefuër a Stëpsaarm
✅ Ideal fir Päerd, Schof, Geessen, Kanéngercher a Meerschwäin

💰 Präis:
• 4 € pro Botte
• Ab 10 Botten Mengenrabatt
• Ab 50 Botten nach méi interessante Präis

📍 Ofhuelung Raum Capellen!

📞 WhatsApp 661 620 662

🐂🥩 AUBRAC-RËNDFLEESCH VUM DELVAUX’S HAFF 🥩🐂Geschwënn gëtt geschluecht an ab elo huele mir Virbestellunge fir eist Aubrac...
14/06/2026

🐂🥩 AUBRAC-RËNDFLEESCH VUM DELVAUX’S HAFF 🥩🐂

Geschwënn gëtt geschluecht an ab elo huele mir Virbestellunge fir eist Aubrac-Rëndfleesch un.

Eis Ranner wuessen natierlech op de Weiden op a ginn mat vill Suergfalt gehalen. Doduerch kritt Dir regionalt Qualitéitsfleesch direkt vum Bauer.

✅ Natierlech Weidehaltung
✅ Regional Produktioun
✅ Kuerz Transportweeër
✅ Héichwäertegt an aromatescht Fleesch
✅ Direkt vum Bauer op den Dësch

📅 Fleesch verfügbar Mëtt August

D’Quantitéite si limitéiert. D’Vergab geschitt an der Reiefolleg vun de Virbestellungen.

📱 Virbestellung iwwer WhatsApp:
661 620 662

✉️ E-Mail:
[email protected]

Reservéiert elo Äert Fleesch a séchert Iech regionalt Aubrac-Rëndfleesch aus natierlecher Weidehaltung.

🐔 Interesse un enger mobiller Gefligelschlachtung zu Lëtzebuerg?Nodeems déi lescht Gefligelschluechtméiglechkeet zu Lëtz...
11/06/2026

🐔 Interesse un enger mobiller Gefligelschlachtung zu Lëtzebuerg?

Nodeems déi lescht Gefligelschluechtméiglechkeet zu Lëtzebuerg agestallt gouf, schaffe mir aktuell un enger méiglecher Léisung fir kleng a mëttelgrouss Gefligelhalter.

Mir géifen d’Organisatioun, d’Koordinatioun an d’Planung vum Schluechten iwwerhuelen.

Fir de Besoin zu Lëtzebuerg besser kënnen anzeschätzen, sammele mir aktuell onverbindlech Interessisinformtioune.

Wann Dir interesséiert sidd, schéckt eis w.e.g.:

✅ Numm
✅ Telefonsnummer
✅ Unzuel vun Déieren pro Schluechtdag

Geplangt ass d’Schluechtung am Zäitraum vum 9. bis den 19. Juli, jee no Disponibilitéit an Organisatioun.

Dëst ass nach keng Reservatioun a keng definitiv Zouso, mee hëlleft eis de reelle Besoin zu Lëtzebuerg ze evaluéieren.

📱 WhatsApp: 661 620 662

🐔 Frësch Fräilafend Poulet’en aus Stengefort 👉🏻 elo virbestellen!Eis Poulet‘e wuessen a Rou op der Wiss op a kréien Zäit...
09/06/2026

🐔 Frësch Fräilafend Poulet’en aus Stengefort 👉🏻 elo virbestellen!

Eis Poulet‘e wuessen a Rou op der Wiss op a kréien Zäit fir sech natierlech z’entwéckelen. 🌱

D‘Schluechten ass fir Ufank bis Mëtt Juli geplangt. Déi genau Datumer ginn nach matgedeelt.

Dës Kéier wäerten d’Poulet’en am Duerchschnëtt ronn 2 kg hunn. Fir déi meescht Familljen ass dat eng ideal Gréisst. Falls Dir awer léiwer e ganz grousse Poulet hätt, da sot eis dat w.e.g. am Viraus, fir datt mir dat kënne berücksichtegen.

Wann Dir reegelméisseg Poulet‘e aus Fräilandhaltung bezéie wëllt, da mellt Iech gär bei eis. Mir kucken dann zesummen no enger passender Léisung fir zukünfteg Bestellunge. 😊

Fir Virbestellungen:

📱 WhatsApp: 661 620 662

Regional. Natierlech. Lëtzebuerg. 🇱🇺

D’Quantitéite si limitéiert, dofir recommandéiere mir eng fréi Virbestellung. 🔥

🐔🥚 Wichteg Info fir eis Clienten:Ab nächster Woch gëtt et fir eng kuerz Zäit keng oder just nach ganz wéineg Eeër.Well d...
10/05/2026

🐔🥚 Wichteg Info fir eis Clienten:

Ab nächster Woch gëtt et fir eng kuerz Zäit keng oder just nach ganz wéineg Eeër.

Well d’Nofro der leschter Zäit esou grouss war an mir bal all Dag ausverkaaft waren, fuere mir eis Produktioun elo staark erop. 💪

Eis aktuell Hënger sinn verkaaft ginn an déi nei Generatioun kënnt elo no, mat enger däitlech méi grousser Quantitéit, fir Iech an Zukunft nach besser kënnen ze zerwéieren.

Bis Enn Juni brauch dat awer e bëssen Zäit, bis alles nees op voller Produktioun leeft. Duerno hu mir ronn 100% méi Kapazitéit. 🥚🐓

Merci fir Är Gedold, Är Vertrauen an Är Ënnerstëtzung ❤️

Leiw Clienten an Interessenten,🐔🥚🐔🥚🐔🥚🐔🥚🙏❤️🙏❤️🙏❤️🙏❤️Mir sinn ausverkaaft.Mir hunn innerhalb vun zwee Deeg all eis Hinger ...
10/05/2026

Leiw Clienten an Interessenten,

🐔🥚🐔🥚🐔🥚🐔🥚
🙏❤️🙏❤️🙏❤️🙏❤️

Mir sinn ausverkaaft.
Mir hunn innerhalb vun zwee Deeg all eis Hinger verkaaft.
Et ass nach méi séier gaangen ewéi geduecht.
E grousse Merci fir äert Vertrauen.
Mir hoffen, datt dir vill Freed un ären Hinger hutt.

Falls mir dat nach eng Kéier maachen, poste mir dat natierlech rem hei op der Säit.

Villmools Merci 🙏

Eise Verkaf haut war wierklech e risegen Erfolleg. Mir soen jidderengem villmools Merci fir d’Ënnerstëtzung, déi flott G...
09/05/2026

Eise Verkaf haut war wierklech e risegen Erfolleg. Mir soen jidderengem villmools Merci fir d’Ënnerstëtzung, déi flott Gespréicher an déi positiv Resonanz. ❤️

Mir hunn awer nach e puer Hinger do. Net méi vill, also séier sinn 😄 Déi lescht kënnen nach muer tëscht 14:00 an 18:00 bei eis op der Adress ofgeholl ginn.

📍 3, Rue Woetzkoellchen 8453 Steinfort
⏰ Muer vun 14:00 bis 18:00

Keng Reservatioun.

08/05/2026

🇱🇺Dese Samschdeg an Sonndeg, den 9. an 10. Mee, verkafe mir eis Pellen vun 14:00 bis 18:00
Mat Ärem Kaf ennerstëtzt Dir gläichzäiteg Delvaux's Help an eis sozial an humanitar Projeten

🇫🇷 Vente de Poules ce samedi et dimanche de
14h à 18h.
🇩🇪 Verkauf von Legehennen diesen Samstag
und Sonntag von 14 bis 18 Uhr.


🇫🇷 Version française dans les images | 🇩🇪 Deutsche Version in den Bildern🐔 Hingerverkaf um Delvaux’s Haff!Kommt laanscht...
02/05/2026

🇫🇷 Version française dans les images | 🇩🇪 Deutsche Version in den Bildern

🐔 Hingerverkaf um Delvaux’s Haff!
Kommt laanscht a gitt eise Legehennen eng zweet Chance.

📍 Stengefort – Samschdeg & Sonndeg 14:00–18:00
📲 Weider Infoen iwwer WhatsApp: 661 620 662

Heiansdo sinn et déi kleng Momenter, déi alles soen… ❤️🐐Dëst klengt Bëtschel ass eréischt een Dag al. Gëschter op d’Welt...
18/03/2026

Heiansdo sinn et déi kleng Momenter, déi alles soen… ❤️🐐

Dëst klengt Bëtschel ass eréischt een Dag al. Gëschter op d’Welt komm, an haut schonn esou vill Vertrauen, esou vill Nähe.

Eis geet et genee dorëms:
Erwuësener, Kanner, Déieren an déi direkt Bindung tëscht hinnen.

Mënsch an Déier. Ganz no. Ganz echt. 🌿

Adresse

Steinfort

Téléphone

+352661620662

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Delvaux‘s Haff publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager

Type