12/12/2025
Léif alleguer
Et ass nees esouwait. An e puer Deeg hu mer Krëschtdag an daat neit Joer steet an de Startlächer. Wéi ëmmer erlaaben ech mer fir d’Feierdeeg Reklamm an eegener Saach ze machen. Als Kadoskëschten hun ech weiderhin Boxen mat 2, 3 a 4 Fläschen wann dir iech oder engem aneren eng Freed machen wëllt. Waat genau nach op Stock ass an déi aktuell Praisser fannt dir op www.haus-nummer-1.lu.
Ech verkaafe mëttlerweil sait 10 Joer Wäin vu 4 verschidde Wënzerbetrieber aus Italien. Ech hun dest ëmmer mat vill Freed gemach an esou, als klenge Betrieb em 20000 Fläsche verkaaf, ronn 25000km gefuer fir auszeliwweren an eng rieseg Zuel u Leit op den Degustatiounen kennegeléiert. Allerdings, waren déi läscht zwee Joer zimlech durchwues a schwiereg esou datt ech décidéiert hun 2026 einstweilen mam Handel opzehaalen a mer nei Wéeër ze iwwerléeën.
Mee esoulang nach Wäin op Stock ass kent dir dësen um gewinnte Wee bestellen. Wéinst dem 10. Gebuertsdag kritt dir bis op weideres 10% op all Commande.
Mellt iech wéi gewinnt iwwert sms oder op [email protected] oder bestellt direkt op der websait.
Villmools merci fir déi langjähreg Ennerstëtzung. Haus Nummer 1 wënscht iech wonnerschéi Feierdeeg an ee gudde Rutsch!!
Bescht Gréiss
Luc